Logo_WM

 

1904: Grënnung vun der 'Harmonie Wormeldange', déi aus 'Harmonie Oberwormeldingen' an der spéiderer 'Feuerwehr-Fanfare Wormeldingen' zesummegesat gouf.

1908: Opbau vun der 'Harmonie Oberwormeldingen' a Presentatioun vum 1. Fändel

1916: Bis 1916 gouf 'Harmonie Oberwormeldingen' vum Jean-Entringer Courte dirigéiert

1919: Grënnung vun der 'Feuerwehr-Fanfare Wormeldingen' an Iwwerhuele vun den Aktivitéiten a Musekinstrumenter vun der 'Harmonie Oberwormeldingen'. Dirigent ass den Nic Entringer

1926: Reorganisatioun vun der 'Feuerwehr-Fanfare Wormeldingen' als eegestänneg Abteilung vun de Pompjeeën ënnert der Direktioun vum Mathias Beckius

musek_1926

1929: Direktioun gouf erëm iwwerholl vum Nic Entringer. Musizéiert gouf bis dohin zu Wormer a Wormeldange-Haut an och zesummen.

1935: Concert vun den 2 Museken zesummen op dem Festival Permanent vun der Bréissler Weltausstellung

musek_1935_small

1940: Den 2. Weltkrich ass ausgebrach an d'Musekinstrumenter wéi och de Fändel goufe beschlagnahmt.

1945: Den 18.11.1945 gouf déi 1. Generalversammlung nom Krich ofgehalen an 'Vereinigte Musikgesellschaft Harmonie Wormeldingen-Oberwormeldingen' mat engem Comité ass gegrënnt ginn

1947: Den Numm aas gekierzt ginn op den haitegen Numm 'Harmonie Wormeldange' an en neie Fändel ass kaaft ginn. Dirigent ass bis 1952 den Nic Entringer.

1952: Neien Dirigent ass de Militärmuseker Eugène Weber bis an d'Joer 1963.

1963: De Pierre Schumacher gët neie President. Neien Dirigent gët de Jean Genson.

1964: 60-järegt Stëftungsfest zu Wormer

musek_1964_small

1965: 1. Trommlerclique gouf op d'Been gesat.

1966: Organisatioun vun engem Wäifest an Entstehung vun den 'Koeppchesbléiser'

1968: Grënnung vun der 'Fanfare St. Cunibert'. D''Entente des sociétés de Wormeldange' entsteet, wou 'Harmonie Wormeldange' Grënnungsmember ass

fanfare_cunibert_small

1970: Grënnung vun der UGDA, wou 'Harmonie Wormeldange' dann och Member gët.

1976: Ab 1976 ass ëmmer méi um Jugendopbau geschafft ginn, 38 Schüler si spontan an d'Kure gaangen an an d'Musikschoul op Dräibuer, mee an de folgende Joeren ginn et ëmmer manner Schüler.

1979: 75-järegt Stëftungsfest zu Wormer, mat de Museken aus Wormer, Rollingergronn an Fréiseng

musek_1979_small

1984: Dout vum Jean Genson, deen d'Musek 22 Joer dirigéiert huet

1985: Demissioun vum President Pierre Schumacher aus Altersgrënn. Neie President ass de Pierre Schartz, dirigéiert gët den Orchester vum Gilbert Holzem

1986: Demissioun vum Pierre Schartz, dee bis dohin och d'Rollengergronn Musek dirigéiert huet. En neien Dirigent ass gesicht ginn bis de Jos Braun d'Musek er&eul;m iwwerholl huet.

1987: Verschidde Musikanten huelen deel u Fussball-Tournéieren zu Märtert a Brouch/Mersch. Dëst ass méiglech duerch verschidde Veranstaltungen wéi 'Fete des Vendanges' an 'Da Capo'.

1988: Emmer méi Musikante sinn an d'Harmonie Wormeldange agetrueden, dofir hunn och vill nei Instrumenter musse kaaft ginn. Ausserdeem huet d'Musek sech och en Ausfluch op Annecy (1980) an Strobel am Wolfgangsee (1983) geleescht.

1990: Déi fett Joere sinn zu Enn gaangen an d'Leit sinn net méi sou vill op Veranstaltunge gaangen. Fir d'Kees vun der Musek opzebesseren, hunn sech puer Leit zesummegesat an Theater gespillt. Musek huet sech net méi sou vill leeschte kënnen, dofir hunn d'Musikanten selwer zesummengeluecht fir Ausflich ze maachen.
Oberstdorf (1992), Vöhrenbach am Schwarzwald (1994), Chamonix (1996), Düsseldorf (2003)

1995: Net nëmmen d'Suen an der Kees si manner ginn, mee vill Musikante sinn aus der Musek gaangen. Dëst war e grousse Probleem, mee de Comité wousst sech anzesetzen fir erëm Jugendlecher ze begeeschteren. Sou goufen eng 'Porte Ouverte' an eng 'Teenager-Party' organiséiert.

1997: En neien Dirigent ass engangéiert ginn. Dëst ass den Edgar Becker aus Wincheringen (D). An dësem Joer stierft de President Pierre Schartz. De Poste gët vum Roland Entringer iwwerholl.

2000: Ëmmer méi Jugendlecher kommen an d'Musek. Si gi forméiert an der 'Ecole Municipale de Musique de la Ville de Grevenmacher'. Am Centre Culturel zu Wormer stellen si hieert Kënnen ënner Beweis am Kader vum 'Jugend musizéiert'

2001: Den Duerchschnëttsalter vun de Musikanten huet sech bis dohin op 25 Joer reduzéiert. Fir frësche Wand an d'Musek ze kréien ass de Steve Humbert als Dirigent agestallt ginn. Demissioun vum President Roland Entringer. Neie President gët de Raymond Heinisch.

2004: Wéi all Veräin huet d'Harmonie Wormeldange Aktivitéiten déi zur Traditioun gi sinn, wéi

fir nëmmen dës opzezielen.

2006: Den Dirigent Steve Boehm iwwerhëlt déi musikalesch Leedung

2007: De Paul Zeimet gëtt neie President.

2012: An der Musek feelt bis dato eng Persoun, déi sech em den Archivage vun de Partiture këmmert. Dëst gëtt ab elo vum Steve Klicek iwwerholl, sou dass erëm eng besser Kontroll an den Archiven ass.

2013: Demissioun vum Daniel Santos als Vize-President. Dës Plaz gëtt ersat duerch d'Sara de Almeida an d'Michèle Oth.

2014: Den Daniel Santos gëtt den neien President. Den Eire-President as vun elo un den Paul Zeimet.

De Comité organiséiert sech nei. En neie Poste gëtt geschaaft. Et ass dat den Organisateur vun de Sortien a Musek-Stagen a gëtt iwwerholl vum Max Schmit.
Dësweidere gëtt och en neie Grupp gegrënnt. Et sinn dat "Frënn vun der Wormer Musek". Dës Leit sinn do fir de Comité mat Rot an Dot ze ënnerstëtze bei de Sortien an aneren Aktivitéiten. Responsabel fir de Grupp gëtt de Jean-Claude Goebel. Hien ass och Vetrieder vum Grupp am Comité.

2016: De Steve Boehm hält no 10 Joer als Dirigent op. Seng Nofolleg trëtt de Patrick Wilhelm am September 2016 un. En trauregt Kapitel musse mir leider och schreiwen: de Jean-Claude Goebel, Responsabel vun de 'Frënn' a laangjärege Member vum Comité, verléisst eis ganz onerwaart fir ëmmer.

2017: Mir spillen eisen 1. Gala-Concert ënnert der Direktioun vum Patrick Wilhelm, deen dann och e volle Succès ass. Mir kënnen dann och 3 nei Saxophonistinnen an ee neien Trompettist um Pult ophuelen. An der Generalversammlung kritt de Camille Botzem seng "Médaille en vermeil Grand-Duc Adolphe avec palmette" fir 70 Joer aktiivt Musikanteliewen vun der UGDA iwwerreescht.