Jean Entringer [1904-1916]

 

Nic Entringer [1917-1952]

 

Mathias Beckius [1927-1929]

 

Eugene Weber [1952-1963]

Jean Genson [1963-1984]

 

Gilbert Holzem [1985]

 

Jos Braun [1986-1997]

 

Edgar Becker [1997-2001]

Steve Humbert [2001-2006]

 

Steve Boehm [2006-2016]

Patrick Wilhelm [2016-...]

Patrick Wilhelm

De Patrick ass 1985 zu Lëtzebuerg gebuer an huet mat 9 Joer am Conservatoire zu Lëtzebuerg seng musikalesch Ausbildung ugefaangen. Mat 27 Joer huet hien ob der Hochschule für Musik und Theater zu München de Studiengang künstleriches Diplom absolvéiert. Direkt uschléissend huet hien um Conservatoire Royal de Bruxelles säi Master Diplom op der Trombone gemaach.

  Säin Instrument, Trombone, huet hien ënnert Professore wéi dem Jean-Paul Frisch, Marc Meyers, Wolfram Arndt a José Schyns geléiert ze beherrschen. Hien huet un verschiddene Concerts-Tournéeën a Festivaller a Frankräich, Belge, Lëtzebuerg, Däitschland, Italien, Ungarn, Liechtenstein, Schwäiz, Russland a Japan deelgeholl. Desweideren huet hien als Renfort am OPL, OCL an Estro Armonico matgewierkt.

Berufflech ass de Patrick, no 2 Joer beim Münchner Symphoniker, als Chargé de Cours fir de grousse Blesch zu Bascharage, Déifferdeng a fir d‘UGDA täteg.

Hien war Music Supervisor, Arrangeur a Musiker am Projet „Night-Maer“ vun de Schülerklasse vum Conservatoire de Musique de la Ville de Luxembourg. Desweideren ass hien Trésorier, Arrangeur a Komponist vu „Night-Maer a.s.b.l“.

  Seid September 2014 ass de Patrick Dirigent vun der Fanfare Feelen.

  Fir d‘Freedefeier um Nationalfeierdag zu Mamer am Joer 2015 huet de Patrick „Light of the Shadows“ op Ufro vun der Commission des Affaires culturelles et Cercle Culturel Communal a.s.b.l komponéiert an enregistréiert.

  Säi Wierk „Beautiful Shine“ war 2016 Imposé fir den UGDA's Concours zu Biissen.